Dëst Joer ënnert anerem mam Thierry Capezzone
BD festival zu Conter
© Thierry Capezzone
De 15. A 16. Juli ass dann och nees BD-Festival zu Conter.
Op déi 29. Editioun ass natierlech jiddereen häerzlech invitéiert! De Comic-Zeechner Thierry Capezzone ass den Éierepresident vum Festival 2023 a wäert och um Festival Deel huelen an och Autogrammer ginn. Um Plakat vun der Editioun 2023 ass e Petzi an de Wéngerten an der Muselgéigend ze gesinn, mam Schengener Schlass am Hannergrond an dem Monument vum Schengener-Akkord. Mee Dir fannt hei iwwert 50 weider Zeechner déi hier Wierker presentéieren. Do ass sécher fir jidderee – Grouss a Kleng eppes – derbäi. Méi Infoe ginn et och op de soziale Medien oder op bdcontern.lu.
Business News - BD Festival Contern - Mëttwoch 12/07/2023
Am meeschte gelies