Profitéiert vun den Navetten a vum Late Night Bus

Vill Leit markéieren sech dësen Datum schonn ee Joer am Viraus, an e Sonndeg an e Méindeg ass et nees esou wäit :

Dann heescht et nees Welleschter Kiermes!

Et erwaarden Iech natierlech lokal Wäiner, live Musek an traditionell Kichen.

Selbstverständlech sinn d'Häipe mat Klappschmant, mat oder ouni Klebberen, Duederen-Schwamp an Duederen-Drëpp och mat dobäi.

A wann ee Welleschter Kiermes seet, da seet een och Live Musek!

E Sonndeg geet et lass vu Moies 11 bis bis kuerz no Mëtternuecht an e Méindeg gëtt vu Mëttes 12 bis hallwer dräi an d'Nuecht gefeiert.

Profitéiert hei vun de Park & Ride Navette Sonndes a Méindes Owes, déi vu Réimech iwwert Bech-Maacher op Welleschten fueren.

Regional Busnavette fannt Dir op www.latenightbus.lu.

Freet Iech elo schonn op Welleschter Kiermes!

28/07/2023 Business News