Live Concerten a lokal Produiten.

Bis den 20. August ass beim Tourist Center Heringer Millen all Weekend déi grouss Mëllerdall Plage! Eng eemoleg Location laanscht d’Waasser matten an der Natur.

Entspaant Iech bei gemittlechem Beachfeeling :

Genéisst e Cocktail an entdeckt d’Gedrénkskaart, déi komplett aus Produite vu Lëtzebuerger Produzente besteet. De groussen an de klengen Honger gëtt hei mat de Mëllerdall Tapas, Mille Flued souwéi mat der hausmaacher Quiche gestëllt.

Donieft suerge live Concerten um Weekend op der Mëllerdall Plage fir déi richteg Stëmmung!

Stiecht Är Féiss an de Sand oder zappt se an d’Waasser a loosst déi entspanend Loungeambiance, mat der passender Musek op Iech wierken.

Méi Informatioune fannt Dir op Facebook.

04/08/2023 Business Andrea Mellerdall Plage