Nach nom ale Rezept a komplett "Made in Luxembourg"

Wann een op der Fouer gudde Maufel seet, da kënnt een net laanscht de leckere Gromperekichelchen oder eng gutt Portioun Kniddelen.

Déi kritt Dir traditionell beim Chalet au Gourmet am Häerze vun der Schueberfouer!

Hier Gromperekichelcher a Kniddele sinn am ganze Land bekannt.
Dir kritt se vegetaresch oder awer wéi gewinnt mat Speck a Ram!

Chalet au Gourmet dat ass hausgemaach a "Made in Luxembourg" garantéiert!

Zanter 30 Joer scho benotzen se ëmmer nach dat selwecht Rezept a se kachen nëmme mat héichqualitative Produiten aus Lëtzebuerg.

De Chalet au Gourmet wéi ëmmer op der Schueberfouer an iwwert d'Joer och op villen anere Plazen uechtert d'Land!

Kuckt op www.chaletaugourmet.lu - Mir wënschen Iech e gudden Appetit.