De Numm "Fifty One" kënnt dohier, dass den Altersduerchschnëtt am Club soll ënner 51 Joer gehale ginn, fir oppe fir nei Iddien ze sinn.

08.09.2023 Business News

Haut a muer (08.-09.09) ass Braderie op der Nordstrooss Shopping Mile Maarnech, mat groussem Gewënnspill a flotter Musek an Animatioun.

An dem Kader iwwerreecht den RTL a Collaboratioun mat der Nordstrooss Shopping Mile Maarnech en Don am Wäert vun 1000€ un d'Associatioun Fifty One Eisléck.

Lauschtert hei den Interview mam Jean-Pierre Thill vu Fifty One.

Fifty One ass en typesche Service Club, deen awer en internationale Mouvement mat ronn 3000 Memberen ass. Och zu Lëtzebuerg ginn et an der Tëschenzäit och 12 Clibb. Engersäits geet et am Club em Frëndschaft a flott Aktioune mateneen ze maachen. Den Hapteffekt ass da Suen ze sammelen an déi fir d'Allgemengheet anzesetzen, do wou se gebraucht ginn.

Fir si ze ënnerstëtzen kënnt dir einfach op eent vun hire sëllegen Eventer kommen, si sinn zum Beispill op der Braderie vun der Nordstrooss Shopping Mile Maarnech haut a muer den 08.09-09.09 September, an se organiséieren eng Marche Gourmande wou den den Erléis gespent gëtt.
Gitt op 51e.lu a fiftyone.lu.

E Samschdeg Moien op der Braderie gëtt dann och déi nei Wiederstatioun vun der Nordstrooss Shopping Mile Maarnech ageweit.