Accord tëschend Cora Concorde an der italienscher ITA
D'ITA steet fir "Italian Trade Agency", also déi italieenesch Agence fir externe Commerce, oder och ICE op Franséisch.
Cora an d’ITA, hunn en Accord ënnerschriwwen bei dem et drëms geet fir authentesch an héich qualitativ italieenesch Produiten an de Vierdergrond ze setzen. Schonn zanter 30 Joer huet de Cora och schonn eng Gamm vun 100% italieenesche Produiten, déi fir hire 6 Italiewochen d‘Joer och an der Promo sinn. Pénktlech mat den Italienwoche gouf d’Kollaboratioun dofir lescht Woch offiziell lancéiert.
Duerch d’Partnerschaft kënnen d’Clienten och laangfristeg vun enger nach méi grousser Offer u gudden italieenesche Produite profitéieren.
Och op cora.lu.
Lauschtert hei den Interview mat der Madamm Cristina Gioffrè, Sousdirektesch vun der AGENCE ITALIENNE POUR LE COMMERCE EXTERIEUR (ICE) zu Bréissel
Lauschtert hei den Interview mam Här Hervé Krieger, Direkter vu Cora Concorde
D'Madamm Gioffrè an den Här Krieger am Cora Concorde um Lancement vun den Italiewochen. / © Julien Pohl