Mat engem spezielle Workshop am Kader vun de Walen

Fir eng drëtte Kéier heescht et vum 15. bis den 18. September nees Long live the Summer Festival an der Luxexpo the Box!

Et erwaarden Iech hei ënnert anerem dat Beschten a punkto Streetfood, kreativ a sympathesch Stänn vu lokale Butteker déi et normalerweis just online ginn, Party an interaktiv Workshops, an dat ganzt esou nohalteg ewéi méiglech.

Fir seng Visiteuren ass et eng Plaz déi zum Danzen an Entdecke vun neie Saachen entféiert, ma de Sënn hannert dem LLTS ass nach vill méi e wichtegen :

D'Stad Lëtzebuerg, d'Chambre de Commerce an d'Luxexpo the Box, wëlle mat dësem Event de lokalen Handel ënnerstëtzen, deen hei a Kontakt mat neie potentielle Clientë kënnt.

A fir Iech den 8. Oktober bei de Wale, gutt virzebereeden organiséieren se an deem Kader och en interaktive Workshop.

Long Live the Summer an der Luxexpo the Box.

De ganze Programm fannt Dir op www.llts.lu.

15/09/2023 Business News