Sonndes de 24. September an den 1. Oktober vu 14:00h bis 18:00h fir iech op

Maison du lit by Kandel feiert dëst Joer seng 40 Joer a bréngt eng néi Mark exklusiv an hiert Geschäft op Bereldeng.

Carpe-Diem ass eng schweedesch Mark, déi Luxusbetter hierstellt. Erfonnt gouf dës vun engem schweedesche Chiropraktiker. Hien hat d’Iddi fir Natur a Wuelbefannen zesummenzebréngen, an zwar fir de Schlofconfort .

Esou gouf d'Manufaktur Carpe-Diem gegrënnt, wou all Bett 100 % handgemaach ass.

D'Maison du Lit huet och exklusiv fir de Miwwelfestival e speziellt Bett sur Place. D’Carpe-Diem SANDO-LIMITED Design Editioun an dat zu Festivalkonditiounen.

D’Maison du Lit by Kandel huet Sonndes de 24. September an den 1. Oktober vu 14:00h bis 18:00h op, an et fënnt ee si natierlech och op der Foire vum 5. bis den 8. Oktober.

Méi Infoen op maisondulit.lu

Business News 20/09/23