Zwee Restauranten an 8 Foodcorneren erfëllen Är kulinaresch Wënsch

Gebuer aus der Frëndschaft vun de passinonéierte Restaurateure Stéphanie Jauquet a Salvatore Barbeiro ass lescht Woch déi nei Foodhall an der Belle Etoile opgaangen :

G.A.N.G.

Hei fannt Dir elo am Stil vun enger Brasserie am Grand-Café an dem Specto mat senger kreativer a moderener Kichen, zwee Restauranten déi scho bal all Wonsch erfëllen!

Ma dozou gëtt et hei och eng grouss Foodhall mat 8 Foodcornerneren : Pizza, Pasta, Asiatesch, Rôtisserie, Burgeren, Plate vu Cocottes, eng Béier-Bar an aussergewéinlech gutt Kaffien.

An an enger weiderer Bar am G.A.N.G. gëtt et dann och nach dat Beschten a punkto Gin a Cocktailen.

D' G.A.N.G. Foodhall an der Belle Etoile ass déi perfekte Plaz fir Moies mam Früstück unzefänken, iwwert d'Mëttegstonn lecker iessen ze goen an Owes den Dag erfollegräich auskléngen ze loossen.

Et ass op vu Méindes bis Samschdes de ganzen Dag a Sonndes fir e leckere Brunch ënner Kolleegen an alles an engem eemolege Kader.

Fir déi genau Auerzäite vun de verschiddenen Etablissementer a schonn e visuelle Virgeschmaach, fannt Dir op www.gang.lu.

22/09/2023 Business