Déi aner Acteuren an der Joint Venture sinn Encevo a Luxenergie.

IKO REAL ESTATE huet dann zu Esch mat den Aarbechte vum Ekoquartier Rout Lëns ugefaangen:

An dem Kader sollen iwwer 1400 Wunnunitéiten entstoen. Ausgeriicht ass de Quartier an och de Bau op Liewensqualitéit, Nohaltegkeet, Energieeffizienz a mobilité douce. Eng éischt Residenz mam Numm „Liicht“ gouf och scho kommerzialiséiert an een éischte Logement à Coût modéré gouf un d’Stad Esch weiderginn.

Zesumme mat Luxenergie, an Encevo huet IKO Real Estate och passend zum Thema d’Joint Venture „Callisto“ gegrënnt. Callisto soll den éischten Anergie Reseau zu Lëtzebuerg entwéckelen. Kuerz gesot ass et e Reseau fir ëmweltfrëndlech Energie mam Zil Co2 Emissiounen ze reduzéieren a méi effikass ze bauen.

Méi op routlens.lu.

27/09/2023 Business News