Wann een ufänkt vergiesserléch ze ginn oder een d’Orientéierung verléiert kann dat en Zeeche vun enger Demenz sinn.

Wann een sech freet ob ee selwer, oder och zum Beispill een Elterendeel eng Demenz entwéckelt, kënnt d‘Fro op, wéi et an der Zukunft weidergeet.

Den Info-Zenter Demenz kann engem a sou Froe weiderhëllefen. Frot elo no am Plaz ofzewaarden.

All hir Servicer si gratis, an Dir gitt hei op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Portugisesch oder Englesch beroden..
Dir kënnt si, an der Biedergaass an der Stad erreechen, per E-Mail oder och op der Telefonsnummer 26 47 00.

Méi op Demenz.lu.

27/09/2023 Business News