Zanter 1996 sinn d'Geschäfter eng fest Gréisst zu Lëtzebuerg!

RTL-Business 4.10.2023

Auchan Retail Lëtzebuerg huet elo ugefaang de Smartway anzeféieren. Zanter Juli gouf des nohalteg Antigaspi-Léisung am Auchan Déifferdeng getest a wéinst dem grousse Succès gëtt dee Rayon mat Produkter mat kuerzer DLC zu reduzéierte Präisser och elo an deenen aneren Auchan-Geschäfter agefouert! Donieft mécht den Auchan och reegelméisseg Donen un d’Stëmm vun der Strooss.

1996 ass jo den éischten Auchan um Kierchbierg opgaang an duerno koumen déi aner Point de Venten an der Galerie Opkorn zu Déifferdeng an op der Cloche d'Or zu Gaasperech derbäi – iwwerall mat Qualitéitsprodukter zum beschte Präis! Nieft deenen 3 Supermarchéen huet Auchan och eng Zesummenaarbecht mat Aral mat 15 Proximitéitsgeschäfter ënnert der Enseigne MyAuchan fir nach méi no bei Iech ze sinn! Déi si 7 Deeg op 7 op a bidden eng ofwiesslungsräich Gamme an de Liewensmëttel an am Non-Food.

An da gëtt et jo och nach den ecommerce! AuchanDrive ass de Leader an deem Domaine hei zu Lëtzebuerg mat iwwer 10 000 Referenzen a 400 Promotiounen all Woch, déi een op 4 verschiddene Plaze ka siche goen! An zanter 2 Joer liwwert Auchan och bei Iech heem – méi Detailer op auchan.lu!