Praktesch Finanztipps zesumme mat der ALFI

RTL-Business 4.10.2023

Vum 2. bis den 8.10. ass déi 7. Editioun vun der „World Investor Week". D‘ALFI, d‘“Association Luxembourgeoise des fonds d'investissements“ profitéiert vun deem traditionelle Rendez-vous fir driwwer ze informéieren, wéi een am Beschte mat Suen ëmgeet a wat sinn Tipps an Tricks fir seng Suë besser ze geréieren.

Am Podcast “Money talks” vun der ALFI op RTL-Play komme bekannt Lëtzebuerger Investisseuren zu Wuert, déi iwwer hir Gewunnechten an Erfarunge mat Suë schwätzen. Des Woch ass dat d’Debbie Kirsch, d‘Grënnerin vun „Devi Clothing“. An den nächsten Editioune vum Podcast „Money talks“ kommen dann e.a. och nach Woch fir Woch de fréiere Basketballspiller an Head of Wealth Management vun der BIL, de Samy Picard an de President vun der Chambre de Commerce a Patron vum Ernster, de Fernand Ernster, zu Wuert.

Des Podcaste mam Host Joëlle Kirsch kënnt Dir wéi gesot op RTL-Play an op alle bekannte Podcast-Plattforme lauschteren.