Déi nei Hierschtmenüskaart am "Les Roses"
© Marc Dostert
De François Jagut a seng Brigade verwinnen Iech mat saisonale Produkter
Vum 5.10. u proposéiert de gastronomesche Restaurant vum Casino 2000 eng nei Entdeckungskaart. Am Restaurant Les Roses gitt Dir dann, esou wéi ëmmer, vum Chef François Jagut a senger Brigade no Stréch a Fuedem mat saisonale Produkter verwinnt. Den Detail vun der Kaart fannt Dir vu muer un op hirem Internetsite an de Chef huet eis se och schonn en Avant-première am Interview op RTL.LU virgestallt.
Ënner dem Motto « Découvrez les Roses » bidde si Iech dann och nach deemnächst eng speziell Degustatiounsoffer mat 3 Platen fir 55 € aplaz 75 € oder mat 4 Platen fir 75 € aplaz 95 €. Dir hutt bei all Promotiounsformule de Choix tëscht Entréeën, Fësch- oder Fleesch- oder vegetaresche Platen, Kéis oder Dessert. Des Offer gëllt vum 26. Oktober bis de 6. November.
De Restaurant Les Roses ass op vun donneschdes bis méindes owes vu 18.00 bis 23.00, freides a samsdes esouguer bis Mëtternuecht. Sonndes Mëttes proposéiere si och e Sunday Lunch fir 65 € an owes e Menü „Inspiration“ fir 75 €. Freet Iech dann och vum 16. bis de 27. November op e Menü ronderëm d’Saint-Jacques an de Kaviar. Reservéiere kënnt Dir op casino2000.lu.