Iwwer 6.000m2 Verkafsfläch zu Leideleng an zu Angelduerf

De Famillgebetrib Steinhäuser feiert seng 120 Joer, elo schonn an der 4. Generatioun. E faarwege Gebuertsdag mat vill Traditioun, Innovatioun an Nohaltegkeet. 1903 huet den Auguste Steinhäuser d’Geschäft opgemaach mat Faarwen, Tapéiten a Buedembeleeg. Duerno hu seng Bouwen Robert a Lucien des Traditioun a perfekter Harmonie weider gefouert. Si grënnen 1953 eng Faarwefabrik zu Lëntgen a leeën esou de Grondsteen fir de Verkaf als Grossist an un d’Privatleit.

1972 kommen déi 3 Bouwe vum Robert, de Fernand, de Pol an de Jean an de Famillgebetrib an hëllefen him d’Geschäft op der Stader Gare op iwwer 1.000 m² ze verduebelen. 2 Joer drop trieden d’Couleurs Steinhäuser der europäescher Cooperatioun fir den Akaf vu Faarf, Tapis plain an Tapéit PM International (Partner-Markt) bäi. Steinhäuser innovéiert, setzt op Design, Confort, Sécherheet, Ëmwelt, Nohaltegkeet a Wirtschaftlechkeet.

1996 mécht dunn de Fachmaart Robert Steinhäuser zu Leideleng seng Diren op, wou Betriber a privat Leit op enger eenzeger Adress dat komplett Assortiment fannen. Dat Joer drop kënnt mam Yves Steinhäuser schonn déi 4. Generatioun an de Betrib. De Site zu Leideleng gëtt weider ausgebaut an en 2. Point de vente gëtt zu Angelduerf opgemaach – am ganze sinn dat elo iwwer 6.000m2 Verkafsfläch. An all deene Joeren huet Steinhäuser vill Krisen erfollegräich gemeeschtert a sech an all Situatioun als ganz resilient bewisen.

Hei e puer Zuelen aus dem leschte Joer: Steinhäuser huet 2022 iwwer 750.000 Liter Faarf u 50.000 professionell an 100.000 privat Clienten. Et sinn 350.000 verschidden Tapéiten op Stock a mat der Faarwemëschmaschinn sinn 2 Millioune verschidden Téin méiglech.

Als Gebuertsdagskaddo huet de Lëtzebuerger Artist Eric Mangen senger Kreativitéit fräi Laf gelooss an eng riseg Toile realiséiert, déi herno zerschnidden an dann ausgestallt gëtt.

RTL-Interview mam Yves Steinhäuser