Entdeckt déi erneierbar Energien
Porte Ouverte de 14.10 bei Bauer Energie
Léiert wéi dës erneierbar Energie funktionnéieren a wéi der se och bei Iech doheem asetze kéint.
BAUER ENERGIE vun Dippech huet e Samschden hier Porte Ouverte, wou jiddereen d’Méiglechkeet huet eppes bäizeléieren.
Bauer Energie steet fir erneierbar Energien, Photovoltaik Anlagen a Wärmepompelen. Dës Anlagen hëllefen net nëmmen déi eegen Energiekäschte bei sech doheem ze reduzéieren, mee domadder kämpft een och automatesch géint de Klimawandel.
Fir hir Porte Ouverte hunn se annoncéiert, datt een sech op e ‚sonnegen‘ Dag voller Léieren, Laachen a Relaxe kann astellen.
Op all ënnerschriwwenen Devis kritt een 10% Remise. Gitt op Bauerenergie.lu fir iech unzemellen.
Business News 11.10.2023
Am meeschte gelies