Mat Animatioun fir Grouss a Kleng

De 15. Oktober ass grouss Portes Ouverte vun der Brasserie Nationale, wou Bofferding, Battin, Funck-Bricher a Lodyss produzéiert ginn, an dat vun 2 bis 6 Auer.

Op der Plaz erwaarden Iech Foodtrucks a Gedrénksstänn an natierlech ass och fir Animatioun gesuergt an dat fir déi Kleng mat Facepainting, engem Sculpteur fir Ballonen ze maachen an e Lodyss Kannereck wou d’Maskottche Lody och wäert sinn.

A fir déi Grouss gëtt et e Photobooth, e Gewënnspill a virun allem gratis Visitte vun der Brauerei.

A Live Musek dierf hei natierlech och net feelen, also kommt bis laanscht.

13/10/2023 Business