120 Joer Fachmaart Steinhäuser
Lescht Joer iwwer 750.000 Liter Faarf verkaf
De Fachmaart Robert Steinhäuser feiert 120 Joer a gëtt et elo schonn an der 4. Generatioun.
Déi 120 Joer, dat ass e faarwege Gebuertsdag mat vill Traditioun, Innovatioun an Nohaltegkeet.
Hei e puer wichteg Datumer an der 120jähreger Geschicht:
1903 also huet den Auguste Steinhäuser d’Geschäft opgemaach mat Faarwen, Tapéiten a Buedembeleg wou d’Bouwen Robert a Lucien dann 1953 eng Faarwefabrik zu Lëntgen gegrënnt hunn an esou de Grondsteen geluert hu, fir de Verkaf u Grossisten a Privatleit.
1972 koumen dunn déi 3 Bouwen vum Robert, de Fernand, de Pol an de Jean an de Famillgebetrib.
1996 huet de Fachmaart Robert Steinhäuser seng Diren zu Leideleng opgemaach an dat Joer drop koum da mam Yves Steinhäuser déi 4. Generatioun an d’Spill.
De Site zu Leideleng an Angelduerf bidden am Ganzen iwwer 6000 m2 Verkafsfläch.
2022 huet de Steinhäuser iwwer 750.000 Liter Faarf u 50.000 Professioneller an 100.000 Clienten verkaf.
Et sinn 350.000 Tapéiten op Stock a mat der Faarwemëschmaschinn sinn 2 Milliounen verschidden Téin méiglech.
Do ass dann och ganz sécher eppes fir Iech derbäi.
Kuckt och op www.steinhauser.lu.