Relax oder aktiv - fir jiddereen ass eppes derbäi!

RTL-Business 25.10.2023

D’ULT huet eng grouss Auswiel u flotte Wanter- a Silvesterreesen. Wéi wier et zum Beispill mat Silvester a Lappland ? En eenzegaartege Joreswiessel um Polarkrees mam direkte Vol, engem komplett organiséierte Programm, mat der Méiglechkeet eng Rendéier-, eng Husky- oder eng Schnéimobilsafari ze maachen!

Oder eng Silvestergala zu Venedeg u Bord vun enger eenzegaarteger Croisière op der MS Michelangelo mat Statiounen zu Chioggia, Burano a Murano.

A fir de Joreswiessel an der zypriotescher Sonn ze verbréngen, bréngt d’ULT Iech och mam direkte Vol op d’Insel vun der Aphrodite an dir hutt d’Wiel tëscht engem relaxen oder engem méi aktive Programm am 4-Stären-Hotel.

A wann Dir léiwer komfortabel mam Bus fuert, dann huet d’ULT fir iwwer d’Feierdeeg och dat Richtegt fir Iech: entweder Chrëschtdag am Schwarzwald oder zu Filzmoos um Fouss vum Dachstein an dem Gosaukamm am Salzkammergut mat Päerdskutsch a Schnéischongwanderen.

Wann do eppes fir Iech derbäi ass, da fannt Dir den Detail op ult.lu a buche kënnt Dir och entweder direkt do oder an all Reesbüro vu Welovetotravel, Voyages Emile Weber, Voyages Flammang, CFL Evasion, Fensch Voyages a Jerry Travel.