Gewannt vum 6.11. un 20.000 € pro Mount wärend 30 Joer

RTL-Business 25.10.2023

D’Loterie Nationale lancéiert e Méindeg 30.10. d’Spill Eurodreams. Eurodreams ass dat éischt Rente-Spill op europäeschem Plang! D‘Loterie Nationale huet sech mat 8 aneren europäesche Lotterien zesummegedo fir en attraktiivt Gewënnspill ze proposéieren an deem een d’Chance huet fir 20.000 € pro Mount wärend 30 Joer ze gewannen – am Ganzen also 7,2 Milliounen ! Wéi geet dat ? D’Spiller musse 6 Haaptzuelen aus 40 wielen an eng Bonuszuel, den « Dream Number » tëscht 1 a 5. Fir en Asaz vun 2.50 € huet ee mat deem neie Spill also eng Chance op 19 Millioune fir dee maximale Präis ze gewannen. De Gewënner am zweete Rang kritt och nach eng Rent vun 2.000 € pro Mount fir 5 Joer.

Den éischten Tirage ass méindes, de 6. November. Duerno gëtt dann all Woch méindes an donneschdes um 21.00 Auer gezunn. Et kann een ëmmer virdru bis 20.00 Auer säi Gléck probéieren an d’Resultater sinn ab 22.00 um Site vun der Loterie Nationale disponibel. Mat Eurodreams kann een elo also zu Lëtzebuerg all Dag, ausser Sonndes, bei esou engem änleche Gewënnspill matmaachen. Eurodreams fannt Dir an all Point de vente vun der Loterie Nationale an op loterie.lu. A fir dass d‘Spill e Spill bleift: Setzt är Grenzen!

Erënnere mir drun dass den Erléis vum Resultat vun der Nationallotterie zanter 75 Joer integral soziale, kulturelle, ëmweltfrëndlechen oder sportleche Projeten vun der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte zegutt kënnt. Zanter 1945 waren dat schonn iwwer 500 Milliounen Euro.