Dir gitt hei och schrecklech gutt geschminkt

Bis de 5. November ass d'Halloween-Fest an de Grotte vun Han, nëmmen eng Stonn vun der Stad Lëtzebuerg ewech.

D'Grotte weisen sech vun hirer grujeleger Säit an et gi vill schrecklech lëschteg Animatiounen am Déierepark!

Déi normal Visitten duerch d'Gotte ginn awer duerchgefouert, ma se sinn einfach e wéineg anescht.

Ronn 20 Kënschtler, dorënner Dänzer, Akrobaten, Stelzeleefer, Schauspiller a vill méi, sinn iwwert de ganzen Domaine verdeelt.

Et erwaart Iech eng Atmosphäre mat vill Zauber a Geheimnis! Fir perfekt virbereet op dës Aventure ze goen, kann een am Ufank passend geschminkt ginn.

D'Grotte vun Han bis de 5. November déi ideal Spillwiss fir Trollen!

Kuckt ënnert www.grotte-de-han.be.

27/10/2023 Business