Porte Ouverte vu Maisons Loginter zu Ettelbréck
Op Nummer 46 an der rue Pierre Kraus am Lotissement «Op Moor»
Dëse Weekend huet Maisons Loginter eng flott Porte Ouverte zu Ettelbréck. Maisons Loginter ass jo zënter iwwer 28 Joer Ären Expert am Bau vu schlësselfäerdegen Haiser zu Lëtzebuerg.
Dir sidd e Samsdeg 18.11. an e Sonndeg 19.11. häerzlech invitéiert op hir Porte Ouverte vun engem Eefamilljenhaus, gebaut nom Cahier des Charges Maisons Loginter a komplett equipéiert vum Home Center Willy Putz: Kichen, Plättercher, Sanitär, Parquet an Dieren. Dat modernt Haus op 3,42 Ar huet e.a. 3 Schlofkummeren, dorënner eng Elteresuite mat Dressing a Buedzëmmer, 155m2 Wunnfläch, eng Garage fir 2 Autoen, Terrass a Gaart.
Iwwerzeegt Iech vun der Qualitéit, déi zwee Deeg vun 10.00 bis 17.00 Auer, op Nummer 46 an der rue Pierre Kraus am Lotissement «Op Moor» zu Ettelbréck. Dee ganzen Dag iwwer kritt Dir all méiglech Informatiounen a professionell Berodung! Méi Detailer mat Fotoen a Videoe fannt Dir op arend-fischbach.lu.