28. Editioun vun de Walfer Bicherdeeg
Ënnert dem Motto “D’Welt zielen, d’Welt liesen“
E Samsdeg 18.11. an e Sonndeg 19.11. sinn nees d’Walfer Bicherdeeg. Déi 28. Editioun steet ënnert dem Motto “D’Welt zielen, d’Welt liesen“. Am a ronderëm de Centre sportif Prince Henri zu Walfer ass nees fir vill Animatioun gesuergt.
De Bicherwuerm kann op net manner ewéi 175 verschiddene Stänn säi Gléck fannen, sief et an der Hal vun den Editeure vun neie Bicher, an där vum Occasiounsmaart oder bei „Books for kids“ am Centre Prince Henri. An da sinn och nach de Bibliobus an de Bicherbus vun der BnL do, dir kënnt 3 Aquarell- a Fotos-Ausstellunge kucke goen, et si ganz vill ënnerschiddlech Liesungen an Autogrammstonne mat Auteuren.
Nom grousse Succès vum leschte Joer vun de „Walfer Sessions“ wäert déi iwwerdeckt Baussebün och nees vill Leit unzéien an enger eemoleger Symbios tëscht Bicher a Musek. Entspane kënnt Dir am Café littéraire oder an der Kaffisstuff. Esou kann een och bei deem groe Wieder e puer flotter Stonnen zu Walfer verbréngen, e Samsdeg vun 10.00 bis 19.00 an e Sonndeg vun 10.00 bis 18.00. Den Entrée ass natierlech fräi an dee komplette Programm ass op bicherdeeg.lu.
An denkt och dru fir Iech fir d’RTL-Dictée an dräi Sproochen unzemellen: de Formulaire fir e Sonndeg de Moien derbei ze sinn, fannt Dir op RTL.LU.