Dëse Sonndeg 19.11. ass de Showroom vun 14h00 bis 18h00 fir Iech op.

RTL-Business 17.11.2023

Et sinn elo déi lescht Deeg fir vun den exzeptionellen Deeg bei Roche-Bobois ze profitéieren. Am bekannte Miwwelgeschäft zu Bartreng erwaarden Iech nach bis e Méindeg 20. November aussergewéinlech gutt Konditiounen op alle Kollektiounen!

Dat ass déi Geleeënheet fir sech héichwäertege Confort an Design zu engem agreabele Präis heem ze huelen, sief dat mat neie Miwwelen, Kannapeeën oder Dekoratiounsartikelen. Entdeckt zum Beispill déi nei, gewot Interpretatiounen vum Kannapee-Klassiker Bubble, mee natierlech och ganz nei Kreatiounen. Zum Beispill déi nei Kollektioun BomBom vun der Artistin a Plasticienne Joana Vasconcelos: eng Linn mat Sëtzer an Dekos-Accessoire mat grousszügegen an originelle Formen fir bannen a baussen.

A fir alles dat beschtméiglech ze testen ass Roche Bobois zu Bartreng och dëse Sonndeg 19.11. vun 14h00 bis 18h00 fir Iech op.