Eng eenzegaarteg Expo mat Liichtercher, Beemercher, Adventskränz an allerlee Chrëschtdeko.

RTL-Business 22.11.2023

D’Chrëschtmäert ginn sou lues op an dann ass Chrëschtdag och net méi esou wäit. A wien nach net an der richteger Feierdagsstëmmung ass, dee ka sech gären op der Expo „We love XMAS” bei Fleurs Wüst zu Steesel inspiréiere loossen.

Dëse Sonndeg 26.11. an e Méindeg 27.11. heescht et nämlech erëm  “Chrëschtdagsambiance pur” bei Fleurs Wüst. Erlieft des eenzegaarteg Expo mat Liichtercher, Beemercher, Adventskränz an allerlee Chrëschtdeko. E Sonndeg 26.11. ass op vun 10.00 bis 18.00 an e Méindeg 27.11. vun 8.00 bis 12.00 a vun 13.30 bis 18.30 an dir fannt si op Nummer 11 an der Mëllereferstrooss zu Heeschdref bei Steesel.

„We love XMAS“: loosst Iech bei Fleurs Wüst verzauberen.