Sorbet Crémant Rosé vun der Luxlait an den Domaines Vinsmoselle
100% “Made in Luxembourg”
D’Domaines Vinsmoselle hunn des Woch eng nei Zesummenaarbecht mat der Luxlait virgestallt. Déi zwou Lëtzebuerger Cooperativen hunn zesummen e Sorbet erausbruecht mat Cremant Rosé Poll-Fabaire.
Dës Fusioun aus eiser nationaler Qualitéitsmëllech an deenen excellenten Drauwe vun der Musel ass frësch an douce a beräichert all festlech gedeckten Dësch, sief et pur, an engem Cocktail, bei engem Plat oder engem Dessert oder mat engem Schotz Cremant rosé driwwer, zum Beispill als Trou Normand. Dëst Produkt 100% “Made in Luxembourg” ass also dat bescht Beispill, wéi déi lokal Wirtschaft am Kader vun enger nohalteger Landwirtschaft ka fonctionéieren.
De Sorbet Cremant Rosé kritt Dir elo an alle Partnergeschäfter vun der Luxlait an den Domaines Vinsmoselle, grad esou wéi an de 5 Vinothéike vun den Domaines Vinsmoselle zu Gréiwemaacher, Wuermer, Welleschten, Rëmerschen an an der Vinocity an der Stad.