6.000 Fläschen fir de Luxembourg Urban Garden

RTL-Business 22.11.2023

D’lescht Woch gouf déi millésiméiert Cuvée vum Cremant vun der LUGA 2025 an d’Stater Kasematte geluecht. 6000 Fläsche leien elo am Fort Royal, nieft der Kinnekswiss am Stater Parc. Déi räifen dann elo do, bis d’LUGA, Luxembourg Urban Garden, am Mee 2025 hir Diere fir de Grand Public opmécht an da kann een domat op déi Mega-Manifestatioun ustoussen. Des Aktioun ass aus enger Kollaboratioun tëscht de Frënn vun der Festungsgeschicht Lëtzebuerg, dem Fonds de Solidarité Viticole, de Privatwënzer, den Domaines Vinsmoselle an der Lëtzebuerger Federatioun vu Wäiner a Spirituosen eraus entstaan a gëtt ënnerstëtzt vum Leader Miselerland, dem Institut viti-vinicole an der LUGA asbl.

D’Konditioune fir de Cremant an de Kasematten ze lagere sinn natierlech ideal a punkto Temperatur a Loftdrock. Déi speziell Cuvée gouf vum Kellermeeschter vum IVV elaboréiert an ass deemno eng eemoleg Ambassadrice vun der ganzer Lëtzebuerger Musel, getrei dem Motto vun der LUGA « Semer en 2023, récolter en 2025 ».

D’nächst Joer organiséieren d’Frënn vun der Festungsgeschicht Lëtzebuerg dann och scho geféiert Visitten an deenen Dir dee räichen ënnerierdesche Patrimoine kënnt geschichtlech kenne léieren an zugläich méi gewuer gitt iwwer d’Produktioun vum Cremant op eiser Musel. Déi offiziell Ouverture vun der nationaler Ausstellung mat Stadgäert, Landschaftsbiller, Landwirtschaft a Liewensplazen ass also dann am Mee 2025 an d’LUGA ass da bis Oktober 2025 zu Lëtzebuerg.

RTL-Interview mam Lydie Polfer an Ann Muller