Kleeder fir all Dag a méi

Wann Dir e puer Kilo ze vill hutt an awer wellt gutt ausgesinn fannt Dir bei Ulla Popken alles wat Dir braucht. De Buttek fannt Dir an der Stad op 15 rue du Fossé an do ass elo Reouverture gefeiert ginn.

Dir fannt hei individuell an trendy Moud a grousse Gréissten an dat fir d’Damme vun der Gréisst 42 un.

Gottseidank huet d’Moud fir déi méi ‚curvy‘ Fra geännert an esou fannt Dir bei Ulla Popken, onofhängeg vu Figur a Gewiicht alles fir unzedoe wou Dir Iech wuel dra fillt.

Fléissend Stoffer déi Ärer Figur schmeechele wa vläicht e puer Burleten ze vill do sinn.Frësch Faarwen oder gemustert Stoffer riichten sech no de neisten Trends a gi mat klasseschen, eefaarwege Basics zu Outfits an deenen Dir Iech einfach nëmme wuelfillt.

Och fir d’Feierdeeg gitt Dir éischtens hei beschtens beroden a fannt Äre Look mat deem Dir och op all Chrëschtfeier glänzt.

Mat der Moud vun Ulla Popken an de Gréissten 42 bis 68 sitt Dir ëmmer op der beschter Säit

Den Ament erwaarden Iech esouguer flott Offeren a Remisen, also am beschten nach dëse Weekend, den 2. an 3. Dezember an d’rue du Fossé laanscht kucke goen.

Vläicht nach kuerz d’Geschicht vum Textilhaus Popken..1880 huet d’Entreprise sech gegrënnt an zur Markefamill gehéieren Ulla Popken wéi déi jonk Mark Studio Untold an JP1880 fir Hären.

Kuckt och elo schonn op ullapopken.lu.

01/12/2023 Business