De Joël Marques live an der Wanter Bar zu Mamer!
Profitéiert och vum grousse, villfältege Programm bis Helleg Owend!
D’lescht Joer war et eng Sportsbar an elo ass et d’Mamer Wanter Bar. An hei hu mir e klenge Scoop fir Iech: déi hëlze Wanter Bar, an engem cozy Kader wéi an den Alpen, wäert nämlech e Mëttwoch, den 20. Dezember, aus allen Néit platzen! Keen anere wéi de Joël Marques, deen eis jo déi lescht Wochen an enger däitscher Casting-Show begeeschtert huet, wäert dann do op der Singer-Songwriter-Stage zu Gaascht sinn.
Dese Mëttwoch 6.12. trëtt do och schonn den Andrea Galleti op an e Mëttwoch 13.12. de Larry Bonifas. Bis de 24.12. ass de Programm an der Wanter Bar all Owend bis 22.00 Auer ausser Méindes gutt gefëllt mat Kinosowenter, Afterwork, Karaoke mat 8 Ecranen, Cocktails&Dreams a Swingin‘ Christmas mat bekannten DJen. Dëse Weekend ass d’Wanter Bar zu Mamer dann allerdéngs zou, fir de Veräiner an der grousser Almhütt an um grousse Chrëschtmaart keng Konkurrenz ze maachen.
An och dee Chrëschtmaart huet et a sech: 18 flott Stänn mat allerlee Spezialitéiten a Chrëschtkaddoen an dëse Sonndeg 10.12. den Owend um 18h15 trëtt d’PUR-Coverband Abenteuerland op der grousser Bün op. A bis de 7.1. ka Jonk an Al nach e puer flott a gratis Ronnen op der richteger Äispist dréinen.
De komplette Programm vun de Winter Moments beim Mamer Schlass an op der Place de l’indépendance fannt Dir op mamer.lu.