Den Zertifikat „FAIR’N GREEN“ fir Domaines Vinsmoselle
E Prozess, deen déi nächst Joere weider geet - zum Wuel vun eiser Ëmwelt.
D’Domaines Vinsmoselle hu viru Kuerzem zu Berlin d’Zertifikatioun „FAIR’N GREEN“ kritt. Des Auszeechnung confirméiert der Cooperative hir Efforten fir d’Ëmwelt ze schounen an dat schonn zanter iwwer 100 Joer. Den Zertifikat steet op 4 Pilieren: déi wirtschaftlech, ëmweltfrëndlech, sozial a wäibautechnesch Nohaltegkeet.
D’Domaines Vinsmoselle an hir 170 Wënzer maachen sech dann och an Zukunft op hire 600 Hektar staark fir d’Erhale vum Qualitéitsbuedem, fir d’Biodiversitéit an d’Protektioun vu Fauna a Flora duerch esou mann ewéi méiglech Pestiziden, eng gutt Waassergestioun an eng Optimiséierung vun de Produktiounstechniken a punkto Ressourcen a Ekobilanz. Alles zu Gonschte vun eisem Klima!
De „FAIR’N GREEN“-Label dréit dozou bäi, well e vu Wënzer fir Wënzer entwéckelt gouf, dee komplette Spektrum vun der Nohaltegkeet ofdeckt, dem Konsument senger ëmmer méi grousser Nofro un nohaltege Produkter gerecht gëtt a mat deem Numm, deen alles ausseet, ass et einfach fir all déi Messagen ze vermëttelen. D’Domaines Vinsmoselle setzen also mat „FAIR’N GREEN“ en Zeechen, dass Nohaltegkeet an de Wäibau Hand an Hand kënne fonctionéieren. An d’Resultat weist sech an der Fläsch an op internationale Concoursen.
Méi heizou op vinsmoselle.lu.