Google Pixel 8 an de Pixel 8 Pro elo bei Orange
Mat attraktive Präisser wann Dir en Abonement ofschléisst
De Google Pixel 8 an de Pixel 8 Pro si vun elo un zu Lëtzebuerg bei Orange ze kréien!
Dës zwee Smartphonë si komplett vu Google entwéckelt a si vir bäi am Segment vum High-End.
Dat schonn eleng wéinst hire revolutionäre KI-Funktioune, ma och wéinst senger eenzegaarteger Leeschtung mat ënnert anerem dem Display mat héijer Opléisung an der leeschtungsstaarker Kamera.
D'Updatë si mam Android 14 bis 2030 garantéiert.
Donieft ass d'Batterieleeschtung optiméiert ginn an dës Smartphonë kënnen och Saachen direkt iwwersetzen.
Mat der eemoleger Leeschtung, de KI-Funktiounen, och a Punkto Beaarbechtung vu Fotoen, sinn de Google Pixel 8 an de Google Pixel 8 Pro, den Handy vu muer, déi dir haut scho kafe kënnt :
Dat an Ärem Orange Shop oder Online op www.organge.lu!
An den Ament mat ganz attraktive Konditiounen an den Abonnementer!