Chrëschtdag steet virun der Dier
Eng Kaddosiddi vu Bernard Massard a Genaveh
E schéine Kaddo fir Chrëschtdag!
Wat passt besser bei d'Feierdeeg wéi Schockela an e gudde Lëtzebuerger Crémant? Et ass eng Kombi, déi ee quasi net toppe kann. Dofir hunn sech Bernard Massard an d'Chocolaterie Genaveh eppes Spezielles fir Chrëschtdag afale gelooss. Béid Lëtzebuerger Entreprisen hunn aus hiren zwee eenzegaartege Produiten, eng Kreatioun zesumme gestallt, déi di verschidde Goûte vum Schockela a vum Cremant perfekt an Zeen setzt. E schéine Kaddo fir Chrëschtdag also ! An der eedler Këscht fannt Dir 15 Genaveh Schockela an 1 20 cl Fläsch CUVÉE 1921 CRÉMANT DE LUXEMBOURG vu Bernard Massard.
Business News - Bernard Massard x Genaveh - Freideg 15/12/2023
Am meeschte gelies