Eng séiss Neiegkeet "Made in Luxembourg"
Den éischte lëtzebuergesche Pudding vun "D'Fair Mëllech"
2 Varianten: Schockela oder Vanill am prakteschen 150g-Becher
RTL-Business 20.12.2023
Eng séiss Neiegkeet "Made in Luxembourg": D‘FairKoperativ bréngt ënnert dem Label „D'fair Mëllech“ den éischte lëtzebuergesche Pudding op de Maart.
Dee gëtt et elo an zwou Varianten: Schockela oder Vanill am prakteschen 150g-Becher. Produzéiert gëtt de Pudding an der Molkerei Thiry mat frëscher OGM-fräier Mëllech, an nëmmen natierlechen Zousätz. De gudde, frësche Pudding kritt dir elo an all Supermarché, getrei hirem Motto „D'fair Mëllech, fair fir mech a fir dech!”
Am meeschte gelies