Mam Delhaize prett fir d'Feierdeeg
Alles, wat net verkaaft gëtt, gëtt un d‘Banques alimentaires gespent.
Am Delhaize si se prett fir d‘Feierdeeg. D’Marque mam Léiw a mam klénge Léiw fir méi kleng Präisser huet en immense Choix u Produkter fir de festlech gedeckten Dësch, fir all Goût an all Portmonni. Vläicht e puer Zuelen, déi ënnersträiche, wéi wichteg dee Rendez-vous fir Delhaize Le Lion ass : fir den Aperitif ginn um Enn vum Joer 8.000 Plateauen mat Petits-Fours verkaaft, wou et der soss 1.000 am Rescht vum Joer sinn. Déi Kéier sinn och Zakouskis a Form vu Chrëschtbeemercher derbei an allerlee vegan, vegetaresch a flexitaresch Alternativen. Op den Dips gëtt et eng Promo bis den 3. Januar. Dëst Joer huet den Delhaize dann och 75.000 Fläsche Cava, 45.000 Fläsche Prosecco, 55.000 Fläsche Schampes an 20.000 Fläsche Wäin a Mousseux ouni Alkohol prett fir seng Clientèle. De Star an der Bar fir den Apéro ass de “St-Germain Spritz”. Den Delhaize verkeeft fir d’Feierdeeg 1,5 Millioune Fläsche Béier, e.a. d‘Boon Millésime, eng Kriek, déi 2 Präisser op de World Beer Awards an um Brussels Beer Challenge dëst Joer krut.
Fir de feierleche Menü proposéiert den Delhaize 13.000 Fleeschplateauen fir de waarme Steen, 3.600 Kilo Fleesch fir Fondue a 4.000 Kéisplateauen. Weider geet et dann am Fëschrayon mat 3,5 Tonnen Homard, 60.000 Päck Saumon fumé, 65.000 Päck Crevetten an 175.000 Austeren (dat sinn der 6.3% méi wéi bei de Précommanden d’lescht Joer). A fir Iech d’Liewen einfach ze maachen huet den Delhaize och nees 2.500 festlech Iesskëschten mat engem komplette Menü. Fir den Dessert bitt de Supermarché dann och nach 40.000 séiss Bûchen an 11.500 aus Glace.
An alles, wat net verkaaft gëtt, spent den Delhaize un d‘Banques alimentaires.