Den neie Katalog vun der ULT
Eng sëlleg extraordinär Reese fir de Jubiläum
Den éischten neie Katalog fir 2024 vun der ULT ass eraus
Iech erwaarden hei eenzegaarteg Reesen duerch déi ganz Welt, an dat mam Bus, Schëff, Fliger a mam Zuch!
Ofwiesslung steet um Programm!
Fir d'25 Joer Bestoen ze feieren, steiert d'ULT hier Jubiläumsreesen op La Réunion a Mauritius un, wou Dir e klassesche Programm esouwéi e Programm mat Wanderung maache kënnt,oder d'Jubliäumscroisière u Bord vum extraordinäre Seegelschëff Star Flyer, laanscht Amalfiküst!
Mat u Bord sinn den DJ Al a fir zwee Owender och Wäin vun Domaine Vinsmoselle.
Soss nach, ginn et Busreesen op Sardinien oder Périgord, d'Fjorden dierfen och net feelen esou wéi d'Baskeland an d'Pyrenäen.
Den ULT Katalog op www.ult.lu oder an de Reesagence vu Voyages Flammang, Emile Weber, We love to travel an CFL Evasion.