En Owend vun der Extraklass am Légère Hotel zu Mënsbech.

19/01/2024 Business News

Fir hire 25. Gebuertsdag huet d’ULT ganz vill Jubiläumsreesen, Gewënnspiller an Aktioune geplangt!

E Mëttwoch 24.01.2024 um 18:00, ass eng Roadshow mam Thema Fernreesen am Légère Hotel zu Mënsbech.

D’Reesziler sinn Australien, La Réunion & Mauritius, Georgien, Ruanda, Guyane, Thailand, Mongolei an Usbekistan.

Dir hei all d’Informatiounen zu de Fernreesen, et kann ee seng Froe stellen an eventuell och scho konkret plangen.

Op der Plaz e Mëttwoch ginn et kulinaresche Maufelen, Musek, an et gëtt e Bong fir ze reesen verloust.

Bestëmmt e flotten Owend also, e Mëttwoch mat der ULT. Mellt Iech gratis un op ult.lu/roadshow

Den ULT Katalog op www.ult.lu oder an de Reesagence vu Voyages Flammang, Emile Weber, We love to travel an CFL Evasion.