Elo och nach mat oppenen Aarbechtsplazen

Burger King bréngt seng legendär, op oppener Flam gegrillte Burger elo an de Norden an zwar op Maarnech.

Et gëtt ee Wiessel: Net ee KFC, mee ee Burger King Restaurant wäert am Fréijoer um Site vun der Nordstrooss Shopping Mile zu Maarnech opmaachen. De CEO vu Burger King, Kevin Derycke, erkläert, dass dëst nieft hire 7 Restauranten am Land deen éischten am Norde vu Lëtzebuerg wäert sinn. „Et handelt sech ëm e strategesche Standuert fir d'Entwécklung vun der Mark a fir déi lokal Beschäftegung, well mir 40 Leit sichen, fir eis Equipe ze bilden“ sou de CEO weider.

An aus deem Grond wäert Burger King och de 25. Januar um Jobdag an der Nordstrooss Shopping Mile zu Maarnech deelhuelen. Een Event deen a Kooperatioun mat der Adem organiséiert gëtt. Wann dir also nach op der Sich no enger Aarbecht oder enger neier Erausfuerderung sidd, kënnt dir Iech direkt de 25. Januar bei hinnen oder och bei villen anere Geschäfter perséinlech virstelle kommen.