Bastele fërdert d'Kreativitéit bei Kanner an Erwuessenen an erlabt Iddeën ze entwéckelen

26/01/2024 Business

Et ass schonn déi 10. Editioun vun der Kreativmesse, déi haut de 26.01.2024 ugeet, nach bis e Sonndeg 28.01.2024. Et ass eng kreativ- a Bastelexpo wou et ëm Handaarbecht, dat kreativt Gestalten a Selwer-maache geet.

Bastele läit ëmmer nach am Trend wat doru leie kann dass et och ëmmer nei Saache ginn déi een dann och op der Expo fënnt. Et sinn iwwer 100 Aussteller do mat diverse Materialie fir selwer kreativ ze ginn, vu Woll, Stoff, Pärelen, Papeier oder Stempelen ass alles dobäi.

Souguer op der Plaz selwer kann ee mat ville Workshops aktiv ginn, dat geet vu molen, iwwer Blop-paining bis Strécken a bitzen. vum 26-28.01.2024 an der Luxexpo The Box.
Och op luxkreativ.lu.