D'Domaine Allegrini ass bekannt dofir Innovatioun an Traditioun zesummen ze bréngen.

Bei Vinissimo fannt Dir iwwer 50 Wäiner vu ronn 10 verschiddenen Domainen aus der Regioun Veneto. Dorënner och déi prestigiéiste Fläsche vu Valpolicella & Amarone mat hire mëllen Aromen an engem außergewéinleche Lagerpotenzial.

Wien den direkte Kontakt mam Wënzer gär huet de ka bei Vinissomo d'Domaine Allegrini bei enger Wäindegustatioun kenne léieren den 23 a 24. Februar.

Den 23. besteet esouguer d'Méiglechkeet d'Wäiner mat engem ugepasste 6 Gäng-Menü an den Erklärungen vun engem Representant vum Domaine ze genéissen.

Fir méi Infoen an d'Offeren gitt op vinissimo.lu.

07/02/2024 Business News