Le Moulin 1704 schafft fir dëse Produit mam Marc Nicolaj zesummen.

Moulins de Kleinbettingen erweidert dann hier Gamm mat eppes wat et sou nach ni gouf, nämlech mat rengem Zocker "made in Luxembourg", deen elo niewent dem Miel an Nuddele vun hinnen ugebuede gëtt.

Dës Initiativ gouf duech e Partenariat vu Moulins de Kleinbettingen mam Bauer a Produzent Marc Nicolay ëmgesat. Op 50 Hektar ginn duech hien uechtert d’Land héichqualitativ Zockerrommele ugebaut. Déi ginn dann an der Belge tëscheverschafft iert se dann zeréck op Lëtzebuerg kommen a bei de Moulins de Kleinbettingen preparéiert a verpak.

Et ass e qualitativ héichwäertege Produit mat kuerze Produktiounsweeër wat och bei déi nohalteg Philosophie an de Respekt virum Konsument vu Moulins de Kleinbettingen passt.

Ze kafe kritt een den Zocker beim Marc Nicolay direkt oder an an de grousse Supermarchéen.

07/02/2024 Business News