Munhowen a Boissons Heintz fusionéieren
D'Woch vum 29.01.2024 gouf dës Neiechkeet op enger Pressekonferenz vun den zwou Firme bekannt gemaach.
Et geet hei em Boissons Heintz a Munhowen, déi alle béid schonn zwanter iwwer 100 Joer bestinn fusionnéieren: Boissons Heintz ass zu Housen baséiert a Munhowen als Deel vun der Brasserie Nationale zu Eilereng.
Fir d’Clienten an déi iwwer 300 Employéen wäert sech kuerzfristeg näischt änneren.
Bei der Fusioun geet et drëms d’Liwwerweeër nach méi effikass ze gestalten, de Service ze verbesseren a virun allem och besser opgestallt ze sinn vis-à-vis vun enger extrem staarker an internationaler Konkurenz um Gedrénksmarché. Zesummen bedingen déi zwou Firmen de Lëtzebuerger Marché, an d’Groussregioun, virun allem d‘Belsch a Frankräich.