Mat Wandwerk setzt Dir op e jonken an dynameschen Handwierksbetrib.

Mat Wandwerk vu Beefort kann ee säin Haus aus- oder ëmbauen fir méi Wunnraum ze schafen, och zum Beispill mat engem Ubau. Wat nei ass, ass dass si elo de ganze Projet aus enger Hand kënne realiséieren inklusiv Elektrik, Ustrach, Biedem, a Miwwelen aus der eegener Manufaktur.

Wouduerch Wandwerk sech auszeechent ass, dass si nëmme mat hauseegenem Personal schaffen. An hirem Team vu ronn 60 Leit sinn Daachdecker, Zammermänner a Schräiner dobäi, déi sech em ären neien Daach oder d‘Isoléierung bekëmmere kënnen.

Am meeschte Wäert leet d’Equipe vu Wandwerk op d’Privatsphäre vun hire Clienten, Pénktlechkeet an op d‘ Qualitéit vun hirer Aarbecht.

Méi op Wandwerk.lu.

21/02/2024 Business