Am Brauatelier zu Käerjeng gouf de Béier getest.

D’Brasserie Nationale huet bekannt ginn dass vun elo un, mam Bofferding Printemps, e ganz neie Fréijorsbéier um Marché ass. Dee Béier ass eng Spezialeditioun, déi no enger Konsumentenemfro entwéckelt gouf.

Beim Bofferding Printempts ginn am Summer d‘Kären erageholl, iwwert den Hiescht kann de Béier räifen, respektiv maltzen, an dann am Wanter gëtt gebraut. D’Zil vum Braumeeschter war et d’Ingredienten esou ze kombinéieren fir e Frësche Fréijoersgoût an d‘Fläsch ze kréien. Wien e schmaache wëllt kritt de Bofferding Printemps elo iwwerall ze kafen, an elo am Mäerz esouguer mat enger Promo.

Business News 28.02.2024