Gemeinschaft a Verantwortung ziele bei hinnen zu de wichtegste Valeuren.

06.03.2024 Business News


An der Ecole Privée Sainte-Anne zu Ettelbréck gëtt op Technologie an der Bildung zeréckgegraff. Dat passt och gutt an hiert Konzept fir eng perséinlech an engagéiert Betreiung fir déi ronn 1000 Schülerinnen ze garantéieren. D’Schoul soll eng gutt a realistesch Virbereedung op d’Liewe sinn an op déi ëmmer méi digital Welt.

De Lycée Sainte Anne probéiert de Schülerinnen esou, mathëllef vu modernster Technologie, alles matzegi wat se brauchen: Sief et fir an d’Beruffswelt eranzeklammen an/oder akademesch Ziler ze erreechen.

Mat Solidaritéitsprojete vermëttelen se och e Verantwortungs- a Matgefill wat der Gemeinschaft zegutt kënnt. Dat alles mam Zil aus de Meedercher staark Fraen ze maachen, déi hir Zukunft selwer gestalte kënnen.

Méi op sainte-anne.lu.