#MadeinItaly - Hei gëtt Iech e Stéck Italie méi no bruecht
E Genoss fir de Gomm an d'Häerz vun Autosfrënn
Dir wëllt de Luxus vun Italien erliewen an dat ouni mussen elo bis an de Stiwwel ze fueren oder ze fléien? Ma da kommt de 15. a 16. Mäerz an d‘Caves Bernard Massard fir déi zweeten Editioun vum #MadeinItaly.
Dësen Event, organiséiert vum Maserati Garage Intini, zesumme mat Bernard Massard an dem B17, bréngen Iech de Savoir Faire vun der Italieenescher Wäikultur, hirer Gastronomie an de schéine rassegen Italieenesche Autoe méi no!
Degustéiert ënnert anerem mat de Wënzer déi grouss Italieenesch Wäiner a sidd bei der enger oder anerer Masterclass mat dobäi.
Entdeckt d‘Kellerei vu Bernard Massard a profitéiert vun der schéiner Miseler Kuliss fir eng flott Testfaart mat engem Maserati vum Garage Intini ze maachen.
Freides Mëttes gëtt et dann och e Walking Lunch, geleet vum Come à la Maison zu Gréiwemaacher a Freides Owes gëtt et e privaten Dinner am Tero River House an de Rives de Clausen mat engem Menu vum Leonardo de Paoli, dem Chefkach vum Restaurant OiO an dat an Zesummenaarbecht mam Gusto Naturale Marc Bernardi.
#MadeinItaly de 15. a 16. Mäerz an de Caves Bernard Massard