Léiert d'Lëtzebuerger Landwirtschaft kennen

Vum 22. bis de 24. Mäerz ass nees de "Bauerenhaff an der Stad" bei der Gëlle Fra.

Och dëst Joer invitéieren d'Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l, d'Stad Lëtzebuerg an de Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau op déi féiert Editioun vun dësem Event, fir Iech d'Lëtzebuerger Landwirtschaft méi no ze bréngen.

An dëst gëtt an dräi Pilieren opgestallt:

1. Mat der Presentatioun vun den Déieren déi an eiser Landwirtschaft am Meeschte virkommen, ewéi de Mëllechkéi, de Mammekéi, Schwäin, Geessen, Schof an nach ville méi, an dat mat Informatiounen iwwert d'Produktioun an d'Déierenhaltung.

2. Mam Produzentemaart mat regionale Produiten.

3. Mat der Entwécklung an der Geschicht vun der Landwirtschaft.

Wat wier esou en Event dann och ouni Animatioun fir Kanner?
Workshops, Traktere fir ze pedalléieren, Bastelen an e Sprangschlass ass hei fir déi jonk ze ënnerhalen.

Bauerenhaff an der Stad vun e Freideg 22. bis e Sonndeg 24. Mäerz bei der gëlle Fra!

De ganze Programm fannt Dir op www.jongbaueren.lu.

20/03/2024 Business