50 Joer Belle Etoile
3 flott Concouren mat super Präisser waarden op Iech!
De Shoppingcenter Belle Etoile feiert dëst Joer säi 50. Anniversaire an d’Feierlechkeete vun deem ronne Gebuertsdag fänken dese Weekend vum 22. bis de 24. Mäerz un. En neie Logo, 3 grouss Concouren a speziell Offeren an den 105 Geschäfter.
Am Rubbel-Concours ginn et mat der Belle Etoile an dem Cactus 125.000 € ze gewanne, mat 50 Kaddoskaarte vu 50 € op 50 Deeg, an dat bis den 19. Oktober. Den zweete Concours „We are 50“ leeft vun haut bis de 4. Mee fir all déi, déi och dest Joer hire 50. Gebuertsdag feieren oder 50 Joer bestued sinn. An engem drëtte kann een dann och nach eng Foto maache mat der Skulptur BE50 an der neier Galerie an déi da mam #BE50 op Facebook an op Instagram posten fir Entréë fir déi grouss Gebuertsdagsparty am Gang ze gewannen. Den eigentleche Gebuertsdagsweekend ass da vum 2. bis de 4. Mee.
Dee ganze Gebuertsdagsprogramm fannt Dir natierlech am Detail op be.lu.