Déi verschidde Gedrénkszorte kritt een och op der Plaz ze schmaachen.

27/03/2024 Business

Munhowen Drinx mécht säi Gedrénks-Paradäis zu Féiz op méi 1000 Meter-Carré op. Hei kënnen d’Clienten méi wéi 2000 Zorten u Gedrénks entdecken, dorënner Aperitifen, Spirituosen, Wäin, Gin, Schampes an natierlech Béier.

Am Shop sinn natierlech och déi néideg Fachleit fir eng adequat Berodung, an et gëtt dann och eng Vinothéik an en Dégustations-Atelier.

Nieft dem Liwwerzerwiss an dem „click & collect“ bitt den Drinx zu Féiz och elo hiren éischten „Drive“ un, also e Zerwiss fir en einfacht An- an Auslueden!

Interview mam Isabelle Lentz

Detailer op drinx.lu.