Zwou nei Partnerschaften an e Lëtzebuerger Pilot
Sensatioun fir de Lëtzebuerger Motorsport!
Ugefaang mat der Partnerschaft mat Black Falcon, een erfollegräicht Team mat Haaptsëtz direkt um Nürburgring.
Zu hire Victoiren zielt ënnert anerem e Gesamtgewënn um legendäre 24h Rennen um Nürburgring.
Gefuer gëtt mam fuschneie Porsche 911 GT3 Cup am Kader vun der Nürburgring Langstrecken Serie, och NLS genannt.
Nieft den zwee talentéierten däitsche Piloten Tobias Müller an Noah Nagelsdiek ass dann och de renomméierte Lëtzebuerger Pilot Steve Jans mat um Start!
Eng weider Partnerschaft gouf mat Four Motors annoncéiert, en Team mat Haaptfokus op Nohaltegkeet am Motorsport, also Wäerter, mat deene Losch sech generell identifizéiert.
Four Motors benotzt zum Beispill recycléiert Ueleg a Baudeeler, déi net aus Carbon gebaut ginn, mee aus Naturfaser. Den Numm Losch ass vun dëser Saison un also staark vertrueden an der Welt vum internationale Motorsport, lass geet et och schonn de Weekend vum 6. Abrëll um Nürburgring!
Hei fannt Dir ee weideren Artikel iwwert d'Engagement vu LOSCH am Motorsport.