Mat der Verbandskëscht esou laang wéi méiglech doheem bleiwen.

D'Verbandskëscht këmmert sech nieft de klasseschen Zerwisser vu „Soins & Aides à domicile » och nach ëm kleng Aarbechten an oder ronderëm d’Haus, fir Iech d’Liewen esou einfach wéi méiglech ze maachen, wann et mol eng Kéier net esou einfach ass.

Si kommen zum Beispill de Wuess méien, de Krunn flécken oder këmmeren sech ëm de Mupp, wann ee mol fir e puer Deeg an d’Spidol muss.

Ganz nei hu si lo esouguer de Service vum Kiné, dee bei d’Leit heem kënnt. Et ass och wichteg ze ernimmen, datt si hier Zerwisser fir all Alter ubidden.

Mat der Verbandskëscht hutt dir een Uspriechpartner, deen sech em alles këmmert an dofir suergt, datt de Patient esou vill an esou laang wéi méiglech ka vu sengem Doheem an Entourage profitéieren.

Méi Informatiounen op www.verbandskëscht.lu.

27/03/2024 Business